Staark Leeschtung vun eiser U21 géint den Handball Esch


10 March 2024

Eis U21 sinn den Owend géint den Tabellenéischten, den Handball Esch ugetrueden. 
 
Eis Jongen hunn eng stramm 1. Halbzeit gespillt: 13-13 (23'), 16-16 (28') an et ass mat 16-17 an d'Paus gaangen. 
 
Och no der Paus hunn eis Bouwen Gas ginn 18-18 (35'), 20-21 (39'), bis datt Esch sech ab der 47' mat 24-28 ofsetze konnt an de Match schlussendlech mat 29-37 op en Enn gaangen ass. 
 
Gratulatioun un eis U21 fir déi staark Leeschtung!!