Trainerwiessel bei den U17 Bouwen


23 April 2024

Bei eisen U17 Bouwen kënnegt sech en Trainerwiessel un. 

E grousse MERCI un de Lubos Sak, deen déi lescht Joren eis U15 an U17 Bouwen trainéiert huet a scho 7 Joer beim HB Museldall aktiv ass, fir säi grousst Engagement!

Ab der Saison 2024-2025 iwwerhëllt de Markus König eis U17 Bouwen, nieft den U17 Meedercher an den U14 Meedercher

Mir freeën eis op déi kommend Saison a wënschen dem Markus vill Freed bei sengen neien Erausfuerderungen!