Take Away Burger

Take Away Burger

Start

18/07/2020 11:30

End

18/07/2020 14:00

Address

Op Flohr, Grevenmacher

Informatiounen

Säit dem Wäifest sinn eis HBM-Burger a ganz Maacher a wäit doriwwer eraus bekannt!! Fir nees an de Genoss vun eise legendäre Burger ze kommen, organiséiere mer e Burger Take away! Dir hutt de Choix tëscht dem Burger Classic oder dem Veggie Burger. - Burger Classic: Burgerfleesch, Hausmaacher-Zooss, Tomaten, Kornichong & gebrooden Ënnen an dat alles an engem knusprege Bréitchen vun der Mosella. - Burger Veggie: Hausmaacher-Veggie-Patty vum renomméierte Restaurant Koeppchen vu Wormer, Hausmaacher-Zooss, Tomaten, Kornichong & gebrooden Ënnen an dat alles an engem knusprege Bréitchen vun der Mosella. Formules: - BURGER (Classic oder Veggie) + DESSERT SURPRISE = 10€ - BURGER (Classic oder Veggie) + DESSERT SURPRISE + FLÄSCH WÄIN* oder FLÄSCH CRÉMANT** = 25€ * Cuvée "Hand aufs Herz": WEINGUT FRIEDEN-BERG vu Nëttel ** Cuvée d‘Apéritif Brut: DOMAINE KOX vu Réimech --> Wéini? Samsdes, 18. Juli 2020 --> Auerzäit? 11h30 - 14h00 --> Wéi bestellen ech? E-Mail: contact@hbmuseldall.lu, oder schéckt eng Noriicht iwwert de Messanger. --> Delai fir d'Bestellung: 13. Juli 2020 --> Wou? Virun der Hal OP FLOHR Mir freeën eis op Är Bestellungen a wënsche elo schonn e gudden Appetit!! Ären HB Museldall