2. AXA-LEAGUE MATCH: HB MUSELDALL - HB DIDELENG 20h


15 September 2021

Haut den Owend spillen eis Miseler DAMMEN hiren 2. Match an der Axa-League
 
De Match gëtt ëm 20h doheem zu Maacher op Flohr, géint den HB Dideleng ugepaff.
 
Dideleng ass staark an d'Saison gestart: Mat 30-10 hu se géint Esch näischt ubrenne gelooss.
An och eis DAMMEN hu sech beim 1. Championnatsmatch, mat 23-20 géint d'Red Boys konnten duerch setzen. 
 
All eis Heemmatcher falen ënnert e Covid-Event, sou datt d'Zuschauer ouni Problem mam 3G (geimpft, geheelt oder getest) era kommen. Mir hunn och e puer Schnelltester sur Place, falls der keen Zertifikat mat derbäi hutt. 
 
Mir freeën eis op eisen 1. Heemmatch vun dëser Saison!
 
Ären HB MUSELDALL