2 Matcher gespillt, 2x gewonnen!!
19 September 2021
Eis HÄREN si gutt ënnerwee!
Leschte Weekend hu se sech 2 Punkten géint den Handball Bieles geséchert, do gouf et eng eendeiteg Victoire mat 16-25 zu Gonschten vun iise Miseler Hären.
A gëscht huet de Géigner HB Péiteng geheescht.
Et war en immens enken a spannende Match. An der 6. Minutt stoung et 3-3, 10' 5-5, 14' 8-8-, 19' 11-11, 26' 14-14 a mat engem staarken 18-15 Resultat goung et dunn an d'Paus.
An der 35' war nees Gläichstand: 19-19. An ab dem 20-19 an der 39' huet den HB MUSELDALL d'Spill net méi aus der Hand ginn, a wannen zum Schluss, no enger enker Partie mat 29-27 a sécheren sech soumat déi nächst 2 Punkten!!
Weider sou!