21.11.2021: U8 Tournoi - U13 Match - Dammenmatch


16 November 2021

Dëse Sonndeg ass groussen Handball-Dag op Flohr an der Hal! 


Ëm 10h30 geet et mam U8 Mixtes Tournoi lass! Duerch d'ganz Hal wäerten Statiounen opgeriicht sinn, wou déi Kleng sech mat vill Freed a Spaass ausprobéieren an austobe kënnne:) 

D'Buvette ass allerdéngs schonn ab 9h30 op, wou et Kaffi & Kuch gëtt an et wäerten och selwer gebake Kichelcher an der Buvette ze kafe ginn. 


Weider geet et ëm 14h30 mat eisen U13 géint d'Red Boys. Och hei ass d'Buvette natierlech fir iech op. 


An als Ofschloss vum Dag, spillen eis DAMMEN ëm 16h30, och géint d'Red Boys


Mir freeën eis iech dëse Sonndeg an der Hal ze gesinn! 
Ären HB MUSELDALL