3. Spilldag PLAY OFF AXA LEAGUE: HB Dideleng - HB Museldall Dames 23-22


13 March 2022

Gëscht waren eis DAMMEN zu Dideleng op Besuch. 

Um 3. Spilldag am Play Off vun der AXA LEAGUE huet et geheescht:
Tabellenzweeten géint den Tabellendrëtten! 
 
All gutt Aktioun ass belount ginn an all Feeler ass direkt bestroft ginn! Béid Ekippen hu sech näischt geschenkt an hunn den Zuschauer en extreem spannenden an intensive Match gebueden. 

6' 2-1, 12' 3-3, 13' 3-4, 17' 6-6.
Nom 8-7 an der 24. Minutt haten eis Dammen e puer onglécklech Momenter, vun deenen déi Didelenger direkt profitéiert hunn a mat engem +4 Virsprong an d'Paus gaange sinn (13-9). 
 
No der Paus, kruten eis Dammen sech nees fokusséiert an hunn de Réckstand lues awer sécher nees opgeholl, esou datt et an eng immens spanned Schlussphase gaangen ass. 
 
36' 14-12, 40' 15-14, 45' 16-16, 48' 18-18, 52' 20-20.
An der 57. Minutt war ëmmer nach Gläichstand (22-22) a mat engem realiséierten 7-Meter an der leschter Minutt, ass et Dideleng du gelong, de Match fir sech ze entscheeden: 23-22
 
E grousse Luef u béid Kipper vun deenen 2 Ekippen: Lena SCHNEIDER & Pauline LEYTHIENNE, déi allebéid mat grandiosen Paraden iwwerzeegt hunn. 

An e grousse Merci un d'Arbitter, déi dësen intensive Match gutt am Grëff haten.


Top Scorer HB MUSELDALL: 
Ewa PIETRASIK: 8 (3/2)
Alexandra HAIDU: 5
Valérie MACKEL: 3
Anaïs HUBERTY: 3