40 JOER HB MUSELDALL


26 August 2021

1981 – 2021: 40 Joer HB MUSELDALL

 

 

Léif Dammen, léif Hären, léif jiddereen,

 

Mir hunn déi grouss Freed, Iech matzedeelen, datt den HB Museldall Gebuertsdag feiert:     
Dës Saison steet komplett am Zeeche vu 40 Joer HB Museldall

 

Nieft diverse Festivitéiten, déi am Laf vun der Saison wäerten organiséiert ginn, krut den Organisatiounscomité d’Aufgab, eng flott Jubiläumszeitung fir 40 Joer HB Museldall, auszeschaffen. Dëst ass natierlech mat gewësse Käschte verbonnen.

 

An deem Kontext, wollte mer Iech froen, wuel wëssend, datt Iech de Sport, an den Handball ganz besonnesch, no steet, op Dir den Organisatiounscomité, a sou och den HB Museldall, mat engem Don ënnerstëtze wéilt. 

 

Folgend Proposen hätte mir: 

 
Membre donateur            à partir de      10€ 
Membre d’honneur          à partir de      30€
Membre de patronage      à partir de      50€
Club des « Cent »                                100€


Fir all Participatioun, kritt Dir als Merci eng Jubiläumszeitung.

 

Aus organisatoresche Grënn, biede mir Iech, eis Ären Don bis spéitstens de 15. September 2021 zoukommen ze loossen.

 

E grousse Merci am Viraus, fir Äre Support an Är Ënnerstëtzung.

Mat beschte Gréiss,

 

Den Organisatiounscomité

vum HB Museldall

 

 

Banque Raiffeisen LU04 0099 7802 0471 3382 CCRALULL

Digicash: 621 530 163

lettre 40e_vf.pdf