
40 Joer HB MUSELDALL: U8 Mixtes Statiounen-Tournoi 21.11.2021 Op Flohr
Am Kader vum 40. Gebuertsdag vum HB Museldall, lued eise MUSELMUCK häerzlechst dëse Sonnden op den 1ten U8 Mixtes Statiounen-Tournoi vun der Saison 2021/22 an.
50 Kanner am Alter vu 4-8 Joer hu sech ageschriwwen:
Den HC Bierchem, Handball Esch, HB Dideleng, HB Péiteng, HB Red Boys, HC Standard an den HB Museldall natierlech, si mat vun der Partie.
D‘Buvette ass ab 9h30 op, wou et Kaffi a Kuch gëtt, sou wéi selwergebake Chrëschtkichelcher.
Den Tournoi dauert vun 10h30-12h00.
Et ass en Covid-Check-Event (ab 12 Joer an 2 Méint).
Mir freeën eis op Iech,
Ären HB MUSELDALL