
5. Spilldag PLAY OFF AXA LEAGUE: Red Boys - HB Museldall Dames 19-22
Dëse WE hunn eis DAMMEN de 5. Spilldag vum Titel-Play Off an der AXA-League gespillt.
Eis Dammen hu verletzungsbedéngt mat enger relativ klenger Bänk missten eens ginn.
Mat 9-8 ass et dunn fir d'Déifferdénger Dammen an d'Paus gaang.
Allerdéngs hunn eis Dammen sech ni opginn a sech staark zeréck gekämpft, esou datt de Match mat 19-22 zu Gonschte vun eise Miseler Dammen géint d'Red Boys ausgaangen ass.
Dëse Mëttwoch 30.03. 20h15 steet schonn de virverluechte Réckronn-Match géint Dideleng un.
Kommt eis Dammen fläisseg op Flohr ënnerstëtzen an ufeieren!
Kommt eis Dammen fläisseg op Flohr ënnerstëtzen an ufeieren!
Top Scorer HB MUSELDALL:
Ewa PIETRASIK: 9 (4/4)
Alexandra HAIDU: 5
Sonia SIEMKO: 3