9. Spilldag AXA LEAGUE: HC Standard - HB Museldall Dames 19-20
20 November 2022
Wat e Match!
Méi spannend hätten eis Miseler Dammen d'Partie vum 9. Spilldag an der AXA-League géint den HC Standard net kënnen op en Enn féieren.
Wärend der 1. Halbzeit war de Standard ëmmer rëm 1 Gol vir an eis Dammen hunn ëmmer nees misse gläichzéien. Esou war et dunn och 3 Sekonnen éier et an d'Paus gaangen ass:
Mat engem Gol vum Mara ECKER stoung et 9-9 no 30 Minutten.
No der Paus ass et am nämmlechte Rythmus weider gaang, allerdéngs war dës Kéier den HB Museldall ëmmer rëm 1 Gol an Avance an den HC Standard huet misse gläich zéien.
Ufank der 55. Minutt stoung et 19-19 an Enn der 55. Minutt, mat engem Gol duerch d'Anaïs HUBERTY stoung et 19-20 fir den HB Museldall.
Béid Ekippen hunn et déi lescht 5 Minutten awer nach emol richteg spannend gemaach!

> De Standard huet sech nach eng 2-Minutten-Strof gefaangen.
> Eis Miseler Dammen kruten an der leschter Minutt eng Disqualifikatioun, verbonne mat engem 7 Meter géint eis.
> D'Maacher Dammen hunn an der 57' e 7 Meter ratéiert.
> De Standard hat an der 56', an der 58' an an der leschter Sekonn, duerch 3x 7 Meter, nach d'Chance gläch ze zéien, respektiv vir ze kommen. Mee mat enger excellenter Kipperleeschtung vum Ali KRÄMER ass dëst net gelongen, an de Match geet 19-20 zu Gonschten vun de Miseler Dammen aus!

Top Scorer HB MUSELDALL
Anaïs HUBERTY: 5 (1/0)
Isabella COCCO: 4
Sara BENSOUSSIS: 4
Anaïs HUBERTY: 5 (1/0)
Isabella COCCO: 4
Sara BENSOUSSIS: 4