An der ieweschter Spillklass bei den Dammen an Häre geet et de 6. Februar weider

FLH.lu



08 January 2021

"D'Lëtzebuerger Handball Federatioun deelt mat dass de Championnat an der AXA League bei den Dammen a bei den Hären de 6. Februar 2021 weider geet (just d'Hironn gëtt nach gespillt).

D'Véierels-Finalle vun der Loterie Nationale Coupe de Luxembourg stinn da fir de Weekend 27./28. Februar um Programm.

De Programm vun dëse Matcher fannt dir op www.flh.lu (esou wäit déi Veräiner déi Heemrecht hunn, dës Matcher schonns festgeluecht hunn).

De PlayOff an der AXA League bei den Damme fänkt an der Woch vum 2. bis 4. Mäerz un, bei den Hären ass de Start am PlayOff vun der AXA League de Weekend 6./7. Mäerz virgesinn.

An der Promotioun (Dammen an Hären) an och an de Jugend Kategorien, ass fir de Moment nach keng Reprise virgesinn."

Communiqué vun der Handball-Federatioun