Anzuch an d'1/4 Finall vun der Coupe de Luxembourg vun eisen Dammen

Anzuch an d'1/4 Finall vun der Coupe de Luxembourg vun eisen Dammen

Dëse WE sinn d'1/8 Finalle vun der Coupe de Luxembourg gespillt ginn. 

Eis Dammen hate Beetebuerg op Besuch.
Ufanks huet sech d'Lokalekipp schwéier gedo fir an de Match ze kommen, konnten dunn awer mat engem 6-Goler Virsprong an d'Paus goen (14-8).
No der Halbzeit ass et besser gelaf fir eis Miseler Dammen a sou gewannen se de Match souverän mat 29-16.

An der zweeter Partie hunn eis Hären d'1/8 Finall géint Schëffleng gespillt. Hei war et eng ganz spannend éischt Hallschent wou eis Hären super mathale konnten, sou datt et no 20 Minutten 11-11 stoung. 
Allerdéngs war no der Paus d'Loft bësse raus a Schëffleng konnt sech schlussendlech kloer mat 25-39 duerch setzen.