Assemblée générale HB Museldall 2022


22 November 2022

Den HB MUSELDALL seet all senge Memberen a Benevoler MERCI dir déi flott Saison 2021-2022 a felicitéiert den Ekippen fir hir gutt Leeschtungen! Allem viraus, eis U17 Meedercher an eis U21 Bouwen: Béid Ekippen konnten de Vize-Champion feieren!

Weiderhin besteet de Fokus vun eisem Veräin, an enger fondéierter an engagéierter Jugendaarbecht, well eis jonk Spillerinnen a Spiller sinn d'Zukunft vun eisem Veräin.  

Och den Opruff, datt mer op der Sich no weideren Benevoler, respektiv Comitésmemberen sinn, ass ëmmer nach aktuell.

Mir freeën eis op eng flott a verletzungsfräi Saison 2022-2023!