AXA League 1. Match RED BOYS - MUSELDALL 20-23


11 September 2021

Eis DAMMEN haten e puer Startschwieregkeeten, esou datt déi éischt Hallschent ganz enk a spannend war. Mat 12-11 zu Gonschten vun der Red Boys ass et dunn an d'Paus gaang. 

Mat frëscher Energie a Motivatioun kommen eis DAMMEN nees aus der Vestiaire a loossen näischt ubrennen, esou datt et an der 48. Minutt 14-21 fir eis Miseler Dammen steet. 

Allerdéngs hues d'Red Boys namol Gas ginn, mee eis DAMMEN hunn de Ball awer net méi ofginn, a wannen den 1. Match vum Championnat an der AXA-League mat 20-23 géint d'Red Boys! 

GRATULATIOUN!