AXA League 12. Spilldag HB MUSELDALL Dames - HB ESCH 33-16


23 January 2022

Gëscht gouf den 12. Spilldag an der AXA-League bei den DAMMEN gespillt. Eis Miseler Dammen haten den HB ESCH op Besuch. 

Mam Werner KLÖCKNER, neien Trainer vun eisen Dammen, sinn eis Miseler Dammen gutt an de Match komm a séieren Handball ass gespillt ginn.
Bis déi 15. Minutt konnten déi Escher eignermoossen mathalen (9-5) mee ab dem 10-5 hunn eis Dammen sech kloer ofgesat a si mat 14-7 an d'Paus gaang.
 
36' 18-9, 39' 21-10, 45' 25-14, 53' 29-15, Schlussresultat 33-16.
 
Eis Dammen hunn e gudde Match gemaach, mat enger staarker Ekippen- sou wéi individueller Leeschtung. A virun allem waren eis 2 Keeper Lena SCHNEIDER an Véro BRESER an Topform!
 
 
Top Scorer HB MUSELDALL: 
Ewa PIETRASIK: 9
Alexandra HAIDU: 8 (2/2)
Sonia SIEMKO: 6 (1/1)