AXA League 4. Match HB MUSELDALL - HC STANDARD 40-15

AXA League 4. Match HB MUSELDALL - HC STANDARD 40-15

Gëscht hunn eis DAMMEN hiren 4. Match vun der AXA-League gespillt.

Bis an d'Paus konnten d'Dammen vum HC Standard nach gutt mathalen a si mat schéinen Aktiounen am Spill bliwwen, esou datt eis Dammen just knapp mat 15-11 Avance an d'Paus gaange sinn. 

No der Paus huet de Standard allerdéngs komplett d'Schlappe verluer an eis Dammen hu sech souverän mat 40-15 duerchgesat.
 
Och eis U17 MEEDERCHER hunn dëse Weekend haushéich mat 36-13 géint Déifferdeng gewonnen. 
 
Eis HÄREN hu sech misse mat 33-22 géint Réiden geschloe ginn. 

Eis U15 BOUWEN hunn hiren 1. Match gespillt a verléiere leider mat 34-38 géint Käerjeng.
 
An eis U13 huet 31-7 um Standard verluer.