AXA League 7. Spilldag CHEV DIKRECH - HB MUSELDALL Dames 20-31


14 November 2021

Wat e Match!!

 

Gëscht gouf de 7. Spilldag vun der AXA-League bei den Damme gespillt.

 

CHEV DIKRECH vs HB MUSELDALL

 

Eis Dammen hunn de Match vun der 1. Sekonn un dominéiert, hu Gas ginn an den Dikrecher keng Chance gelooss.
 
4' 0-3, 9' 2-7, 16' 3-13, 26' 6-16, a mat engem Virsprong vu +11 (7-18) ass et an d'Paus gaang.
 
An der 2. Hallschend huet de Chev nees bësse seng Form fonnt, mee eis Dammen hunn awer weiderhin näischt ubrenne gelooss an d'Féierung net méi aus der Hand ginn. 
 

35' 9-20, 39' 11-23, 43' 13-25, 50' 16-26.

 

Eis Miseler hu mat vill Passioun, Asaz, Wëllen, Häerz an Iwwerzeegung gespillt a gewannen verdéngt mat 20-31 géint de Chev Dikrech, Champion vun der Saison 2020-2021. 

 

Top Scorer HB MUSELDALL:

Ewa PIETRASIK: 13 (3/2)

Sonia SIEMKO: 7 

Valérie MACKEL: 4

Alexandra HAIDU: 4 (1/1)