
AXA LEAGUE Dammen Titel: 1. Spilldag HBK-HBM 22-18
An der Axa League am Dammen-Handball war et e Mëttwoch den Owend d'Suite vum 1. Spilldag am Titelgrupp.
"Déi Käerjenger Dammen hu sech mat 22:18 géint de Museldall behaapt. D'Lokalekipp huet vun Ufank un d'Fiedem an d'Hand geholl a sech séier eng Avance erausgespillt. No der éischter Hallschent hat een e Virsprong vu 7 Goler, dat beim Score vun 13:6. An den zweeten 30 Minutten huet Käerjeng de Virsprong geréiert an esou gouf et um Enn eng verdéngten 22:18 Victoire."
www.RTL.lu
https://www.rtl.lu/sport/news/a/1682247.html