AXA LEAGUE Dammen Titel: 2. Spilldag HBM-HBD 25-23

AXA LEAGUE Dammen Titel: 2. Spilldag HBM-HBD 25-23

Wat e Match!!

Méi Spannung an Nervekitzel hätt de Supporter haut kaum kënne gebuede kréien!!

Als éischt mol: 
Grousse Respekt u béid Ekippen, déi de Mëtteg enorm Gas ginn hunn, ëm all Ball gekämpft hunn a mat vollem Asaz a Passioun HANDBALL gespillt hunn.
Eng wonnerbar Reklamm fir eise Sport! 

Zum Match: 
Maacher fänkt mam 1-0 un, no 6 Minutten steet et 2-1 fir eis Miseler Dammen, 4-3 an der 13. Minutt zu Gonschte vu Maacher an an der 17' den Ausgläich: 5-5. Den HB Museldall lësst näischt ubrennen a geet mat 9-5 a Féierung a mat 11-8 geet et an d'Paus! 
No der Halbzäit:
Dideleng gëtt Gas an hëlt déi 3 Goler an engem Zuch op! Allerdéngs sinn och lo déi Miseler nees waakreg an et geet mat 13-11 an der 34' a mat 18-17 an der 45' weider. 52. Minutt: 20-20!! De Bam brennt... Et ass en hin an hier a kee kritt sech ofgesat. 56': 23-21 fir Maacher! A genee dee Virsprong loossen eis Miseler sech neméi huelen an et steet 25-23 beim Schlusspaff!! 

D'Punkte bleiwen op der Musel!! 
A GRATULATIOUN un déi bemierkenswäert Ekippeleeschtung, wou jiddereen alles ginn huet, an net ze vergiessen: Eis Keeper, déi sech nees vun hirer beschter Säit gewisen hunn an den Didelenger d'Liewen extrem schwéier gema hunn!! 

#HBMuseldall
#VunDerMuselAsossKeen