AXA LEAGUE DAMMEN TITEL: 3. SPILLDAG CHEV-HBM 25-24


27 March 2021

Haut den Owend hunn eis DAMMEN géint de CHEV DIKRECH - den Tabellenéischten - gespillt.

Wat e Match!!

Béid Ekippen waren direkt am Match a keen huet sech eppes geschenkt. 2-2 an der 5. Minutt, 7-7 an der 17. Minutt a mat 15-12 ass et zu Gonschte vum Chev Dikrech an d'Paus gaang. 

No der Halbzeit huet Dikrech besser an de Match fonnt a konnten sech mat 5 Goler ofsetzen. Allerdéngs hunn eis DAMMEN sech lues awer sécher zeréck gekämpft, esou datt d'Schlussphase namol ganz spannend gouf!! 20-18 an der 44. Minutt an bis zur 58. Minutt hunn eis Dammen sech mat 24-23 rugekämpft!!
Nach 30 Sekonnen ze spillen, eis Dammen sinn am Ballbesëtz, kréien nach an der leschter Sekonn d'Méiglechkeet fir den Ausgläich ze maachen, mee den Dikrecher Keeper hält dëse Ball an de Match geet knapp mat 25-24 fir de Chev Dikrech zu Enn...

Schued datt et haut net duer gaangen ass, mee eis Dammen hunn e super Match gema!! 
A Gratulatioun un de Chev Dikrech!