AXA LEAGUE DAMMEN TITEL: 9. SPILLDAG RED BOYS-HBM 24-31


15 May 2021

Um 9. Spilldag wannen eis DAMMEN mat 31-24 géint d'Red Boys an huelen domat Revanche vum Aller-Match. 

Den HB Museldall huet haut näischt ubrenne gelooss an hat direkt en 1-6 Laf an ass mat 7 Goler Virsprong an d'Paus gaang (7-14). 

Och no der Paus hat d'Red Boys keng Chance an huet sech immens schwéier gedo, fir beim Véro Breser de Gol ze treffen.

Zäitweis louchen eis Damme souguer 10 Goler vir a schléissen de Match souverän mat 24-31 of.