
BRAVO MISELER DAMMEN!
Eis Miseler Dammen, schléissen hir Saison mat enger staarker 4. Plaz of!!
Et war net ëmmer ganz einfach, well de Kader duerch, déi bekannte Situatioun, deelweis extrem reduzéiert war. Trotzdeem hunn eis Dammen op d'Zänn gebass, hunn haart a vill trainéiert a konnte mat hirer Leeschtung iwwerzeegen!
GRATULATION fir dës flott Saison!
Mir freeën eis op déi nächst Saison a wënschen eise Spillerinnen, déi nächst Joer net méi am Land sinn, bonne Chance a vill Freed op hirem weidere Wee!!
Ären HB MUSELDALL