Burger Take Away II 17.10.2020

Burger Take Away II 17.10.2020

++++++++ BURGER by HB Museldall ++++++++

Nom grousse Succès vun eisem BURGER TAKE AWAY am Juli, wëlle mer Iech eng weider Kéier an de Genoss vun eisen excellente Burger komme loossen an dowéinst organiséiere mer en ZWEETEN Burger Take Away! 

Dir hutt de Choix tëscht dem Burger Classic oder dem Veggie Burger. 

- Burger Classic: 
Burgerfleesch, Hausmaacher-Zooss, Tomaten, Kornichong & gebrooden Ënnen an dat alles an engem knusprege Bréitchen vun der Mosella.
- Burger Veggie:
Hausmaacher-Veggie-Patty vum renomméierte Restaurant Koeppchen vu Wormer, Hausmaacher-Zooss, Tomaten, Kornichong & gebrooden Ënnen an dat alles an engem knusprege Bréitchen vun der Mosella.

Formules: 
- BURGER (Classic oder Veggie) + DESSERT SURPRISE = 10€
- BURGER (Classic oder Veggie) + DESSERT SURPRISE + FLÄSCH WÄIN oder FLÄSCH CRÉMANT = 25€

Wéini? Samsdes, de 17. Oktober 2020
Auerzäit? 11h30 - 14h00 
Wéi bestellen ech?
E-Mail: info@hbmuseldall.lu, oder schéckt eng Noriicht iwwert de Messanger. 

Wou? Virun der Hal OP FLOHR

Mir freeën eis op Är Bestellungen a wënsche elo schonn e gudden Appetit!!
Ären #HBMuseldall