Burger Take Away III 28.03.2021


10 March 2021

++++++++ BURGER by HB Museldall ++++++++

Nom grousse Succès vun eisem BURGER TAKE AWAY am Juli an Oktober, wëlle mer Iech eng weider Kéier an de Genoss vun eisen excellente Burger komme loossen an dowéinst organiséiere mer en DRËTTEN Burger Take Away! 

Dir hutt de Choix tëscht dem Burger Classic oder dem Veggie Burger. 

- Burger Classic: 
Burgerfleesch vun der Metzlerei Clement, Hausmaacher-Zooss, Tomaten, Kornichong & gebrooden Ënnen an dat alles an engem knusprege Bréitchen vun der Mosella.
- Burger Veggie:
Hausmaacher-Veggie-Patty vum renomméierte Restaurant Koeppchen vu Wormer, Hausmaacher-Zooss, Tomaten, Kornichong & gebrooden Ënnen an dat alles an engem knusprege Bréitchen vun der Mosella.

Formules: 
- BURGER (Classic oder Veggie) + DESSERT SURPRISE = 10€
- BURGER (Classic oder Veggie) + DESSERT SURPRISE + FLÄSCH WÄIN oder FLÄSCH CRÉMANT = 25€

Wéini? Sonndes, den 28. Mäerz 2021
Auerzäit? 11h30 - 14h00 
Wéi bestellen ech?
E-Mail: info@hbmuseldall.lu, schéckt eng Noriicht iwwert de Messenger oder eng SMS op den 621530163. 

Wou? Virun der Hal OP FLOHR

Mir freeën eis op Är Bestellungen a wënsche elo schonn e gudden Appetit!!
Ären #HBMuseldall