E Wuert vum President - 2020


05 June 2020

Léif Veräinsmemberen,  Sponseren an Donateuren,

 

De Corona-Virus huet eis all fest am Grëff. An ni erliefter Form leet en eis Ekonomie, wéi och eis gesellschaftlecht Liewe stall. Och eist Veräinsliewe bleift dovun net verschount. 

 

Et weist sech an aller Form datt Handball, wéi och all aner Sportaarten, Niewesaach gi sinn. 

 

D’Astellung vu sämtleche Veräinsaktivitéiten huet och fir den HB Museldall Konsequenzen. Net just datt sämtlech Sportaktivitéiten agestallt sinn, mee vill vun eise Veräinsmemberen, Sponseren an Donateure sinn oder wäerten direkt oder indirekt mat de Folge vum Corona-Virus konfrontéiert ginn. Sief et, well Persounen am perséinlechem Ëmfeld erkranken oder datt se direkt oder indirekt vun de wirtschaftleche Konsequenze betraff sinn. Trotzdeem gëllt et de Moment an éischter Linn, sech un d’Uweisunge vun der Regierung ze halen an op sech an op säin Ëmfeld opzepassen. Jiddereen dréit d‘Responsabilitéit fir duerch säi perséinlecht Verhalen e wichtege Bäitrag zur Bekämpfung vun dësem Virus bäizedroen.

 

Och mir als Veräin sti viru groussen Erausfuerderungen. D’Astellung vum Championnat huet nieft eisem komplett stall geluechtem Veräinsliewe mat all senge soziale Konsequenze selbstverständlech och Auswierkungen op eis Finanzen. D’Feele vun den Entréeën, keng Recette méi duerch d’Buvette, sou wéi d’Annuléiere vu verschiddene geplangten Evenementer, wéi zum Beispill eisen traditionellen „Handball by Night“, d’Summerbraderie, d’Maacher Drauwen- a Wäifest (?), etc., wäert eis schwéier treffen.  

 

D’Réckgrat vun eise Recettë sinn eis Sponseren an Donateuren. Mir soe jidderengem e grousse Merci fir hire fläissege Support an hoffen och an Zukunft op hir generéis Ënnerstëtzung zielen ze kënnen. Am Virdergrond steet awer natierlech, déi aktuell Situatioun esou gutt wéi méiglech ze meeschteren. Mir reegen dofir jiddereen un, bei senge Kommissiounen oder soss Besoinen, an éischter Linn op eis lokal Geschäfter a Betriber zeréck ze gräifen a folgend esou och eise Sponseren eis Ënnerstëtzung ze garantéieren. Esou kënne mer e wichtege Bäitrag leeschten, fir eis wirtschaftlech Strukturen a Betriber an eiser Regioun ze erhalen. 

 

Awer och mir als Veräin wieren immens dankbar, wa méiglechst vill vun iech den HB MUSELDALL duerch en Don ënnerstëtze géingen. Dat géing dem Veräin erméiglechen, déi kommend finanziell Enkpäss eenegermoossen ofzefiederen. 

 

Eis Kontosnummer mat der Nummer LU 67 0090 0000 0471 3384 bei der Banque Raiffeisen wäert sech sécher iwwert e bëssen Zouwuess freeën. E grousse Merci am Viraus!

Fir Krisen ze bewältegen ass de gesellschaftlechen Zesummenhalt e wichtegt Element. Loosst eis also zesummen eise lokale Betriber ënnert d’Äerm gräifen a kommt mir paken do eng Hand u wou se gebraucht gëtt. A virun allem, loosst eis eis un d’Virgabe vun der Regierung halen. 

Mir sinn iwwerzeegt datt mir zesummen dës Kris bewältege kënnen.    
Et gëtt eng Zäit nom Corona, wou mir d’Erfollegsgeschicht vum HB Museldall weider schreiwe wäerten. 

Am Numm vum Comité vum HB Museldall        
Ewald Jeannot  
President