Eis U14 Meedercher packen den Anzuch an d'1/2 Finall vun der Coupe!


26 November 2022

Eis U14 Meedercher hunn haut d'1/4 Finall vun der Coupe, géint de Chev Dikrech gespillt. 

Déi éischt Hallschent war de Match nach relativ ausgeglach an et geet mat 9-7 an d'Paus.
An der zweeter Hallschent dréien eis Miseler Meedercher awer anstänneg op a mat enger super Ekippeleeschtung gewannen se de Coupematch souverän mat 25-12. Soumat sti se lo an der 1/2 Finall!

MERCI deene ville Supporter, déi de Wee an d'Hal fonnt hunn, an anstänneg Stëmmung gemaach hunn. An och Merci un de Buergermeeschter Léon Gloden, deen eis Meedercher ufeiere komm ass. 

De Matchball gouf gesponsert vum Institut de Beauté Conny Delvaux vu Gréiwemaacher.
 

Top Scorer HB MUSELDALL
Alicia DOS SANTOS: 9
Isadora SCHETTGEN: 4
Lara DE LIMA BORGES: 4