Eng flott weider Editioun vun eisem Burger Take Away, MERCI u jiddereen deen Deel dervu war!


25 April 2022

Gëscht huet eng weider Editioun vun eisem Burger Take Away statt fonnt. 
Och dës Kéier war d'Sonn nees mat um RV an eis Gäscht konnten dervu profitéieren och sur Place e Pättchen ze drénken a gemittlech hiren Apéro ze huelen. 

E grousse MERCI geet un all déi fräiwëlleg Hänn, déi nees derzou bäigedro hunn, datt eise Burger Take Away e vollen Erfolleg war! 

An natierlech och e grousse Merci un all Gäscht, déi nees fläisseg Bestellungen opginn hunn. 

Bis déi nächste Kéier:)