Final4 Coupe de Luxembourg 2022


21 May 2022

Eis Dammen hunn et och dëst Joer nees an de Final 4 vun der Coupe de Luxembourg Loterie Nationale gepackt. 

Mee...et hätt net sollte sinn... 

Gëscht hunn eis Miseler Dammen d'1/2 Finall géint den HB Käerjeng - Champion 2022 vu Lëtzebuerg - gespillt. Nodeems de leschte Championnatsmatch ganz knapp ausgaangen ass (18-17), sinn eis Dammen voller Motivatioun an de Match gaangen. Käerjeng huet allerdéngs eng immens staark Defense geleescht, esou datt eis Dammen et schwéier haten zum Schoss ze kommen. Mee och déi Miseler Verteidegung war standhaft, esou datt et mat nëmmen 8-11 an d'Paus gaangen ass. 

No der Paus hunn eis Dammen awer leider komplett d'Schlappe verluer an hunn hire Rhythmus neméi rëmfonnt. D'Schëss op de Gol waren éischter seelen a Käerjeng huet vu sëllege Konterattacken profitéiert, esou datt d'Schlussresultat eendeiteg mat 13-25 zu Gonschte vun de Käerjenger ausgaangen ass. 

Trotzdeem e riseg grousse MERCI un all eis Supporter, déi nees zuelräich de Wee an d'Coque fonnt hunn an net midd gi sinn, eis Dammen unzefeieren an ze ënnerstëtzen! MERCI 


Den HB Museldall wënscht béiden Ekippen bonne Chance e Sonndeg an der Finall, e spannende Match a virun allem keng Verletzungen!