Gläichspill tëscht dem HB Museldall an dem HBD (Dames)
https://www.rtl.lu/sport/news/a/1593356.html

Gläichspill tëscht dem HB Museldall an dem HBD (Dames)

"Souwuel de Museldall wéi och Diddeleng hu kee gudde Start an de Match erwëscht a sou huet d'Lokalekipp méi wéi 10 Minutten op den éischten eegene Gol misse waarden. Mat der Zäit sinn awer op béide Säiten e puer Goler gefall a mat enger 10:8-Féierung fir Diddeleng ass et an d'Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent huet de Museldall da besser an de Match fonnt a konnt sou de Spillstand op hir Säit zéien. Diddeleng hat weiderhi Problemer virum géigneresche Gol effektiv genuch ze sinn, krut sech dann zum Schluss hin awer nees gefaangen. Et ass an der Schlussphas also nach eng Kéier richteg spannend ginn, wéi 4 Minutte viru Schluss de Gol zum 19:19-Ausgläich gefall ass. An de leschte Minutte konnt sech da keng vu béiden Ekippe méi en Avantage erausspillen a sou bleift et bei engem 21:21-Remis." 

RTL Lëtzebuerg