NEIE START, NEIE VERSUCH


29 January 2021

Léif Memberen a Frënn vum HB Museldall,

 

et ass nees esouwäit, no enger laanger Trainingspaus dierfen eis Spiller a Spillerinnen nees säit dem 18. Januar 2021 an d‘Hal. Et ass schéin ze wëssen, dass eis Jugendekippe, genau sou wéi eis Seniorsekippen, nees hirem Liblingssport kënnen nogoen. Leider hu mir vill sanitär Sécherheetsmesuren anzehalen an esou ass d’Handballspille just bedéngt méiglech. Aktuell heescht et: Kee Kierperkontakt an Distanz anhalen. Sou mécht Handball natierlech nëmmen hallef sou vill Spaass, mee opgrond vun der aktueller Situatioun, kënne mir iwwerhaapt frou sinn, nees Ekippesport ze maachen. Fir eis Ekippen heescht et elo, sech nees lues a lues anzeklimatiséieren, alles ze maache fir d’Verletzungsgefor ze miniméieren an nees freet dorun ze hunn, dee schéinste Sport vun der Welt dierfen ze maachen. Einfach nees ee Ball an der Hand ze halen, domat ze dribbelen, mat engem Kolleeg/enger Frendinn Passen ze maachen an op de Gol ze schéissen… Dat ass en schéint Gefill an ech perséinlech vermëssen et wansinneg.

 

Eng gewëssen Onsécherheet besteet natierlech weiderhin. Gëtt de Sport nach eng Kéier limitéiert? Ginn d’Halen nach eng Kéier zou gemaach? Wéini dierfe mir nees normal trainéieren? Wéini kënne mir nees Matcher spillen? All déi Froe gi warscheinlech net just de Comitésmemberen duerch de Kapp mee och all eise Spiller a Spillerinnen.

 

Ganz besonnesch freeën ech mech fir eis Jugendekippen. De Sport als Ausgläich zu der Schoul, de soziale Medien an deene villen dach sou negativ gepräägten Noriichten, ass fir si sou wichteg wéi nach ni. Natierlech ass et fir d’Kanner an déi Jugendlech schwéier, motivéiert ze si fir an den Training ze kommen, wann dat allerschéinst, nämlech d’Matcher, net stattfannen. Dëst ass e grousse Challenge fir eis Trainer. Si mussen net just alle Mesurë gerecht ginn, mee musse gläichzäiteg een interessanten, spannenden an erausfuerderenden Training op d’Been stellen. Bravo fir hir Aarbecht!!

 

Eis Dammen hunn net just de Challenge, sech an just 3-4 Wochen nees fit fir de Championnat ze maachen, mee sinn opgrond vum Lockdown an Däitschland och begrenzt wat d’Unzuel vun de Spillerinnen ubelaangt. Mat anere Wierder: Een Deel vun der Ekipp feelt! Elo heescht et fir déi aner zesummenhalen, gutt trainéieren a kämpfen. Mee och eis Hären huet et schwéier getraff, vue datt si sou just net mat am Play-Off spillen, falen si net ënnert d’Axa League an dëst bedeit fir si aktuell kee Championnat an domat keng Erlabnis fir e Match ze spillen. Och fir si heescht et dat bescht aus der Situatioun ze maachen, net Bengele bei Tromm ze geheien an disziplinéiert ze trainéieren, fir spéider am Play Down als Nummer 1 do ze stoen. An wann dës Ekipp esou zesumme bleift, kämpft an éiergäizeg ass, sinn ech iwwerzeegt, datt si an der Saison 21/22 mat ëm den Opstig spille kënnen.

 

Valérie Mackel –

Sekretär technique HB Museldall