Neien Challenge fir d'Maja ZRNEC!


07 December 2021

D'Maja ZRNEC, säit 2019 beim HB MUSELDALL engagéiert, huet sech entscheet en neien Challenge unzegoen.

2019-2020 ass d'Maja mat eisen U15 Meedercher bis an d'Coupe-Finall komm an huet mat eiser 2. Dammenekipp den Doublé gemaach. 

2020-2021 Corona-Saison: Hei goufen d’Jugend-Championnater komplett annuléiert. An eis 1. Dammen hu mam Maja déi 4. Plaz an der AXA-League besat. 

2021-2022 Dës Saison stinn eis Dammen aktuell op der 3. Plaz an der AXA-League an eis staark U17 Meedercher sti mat 5 gewonnenen, vu 5 gespillte Matcher, op Plaz 2 an der Tabell. 

Den HB MUSELDALL wënscht dem Maja vill Succès op sengem weidere Wee, alles Guddes fir d'Zukunft a seet MERCI fir dat villt handballerescht Wëssen, dat et mat an de Veräin bruecht huet. 

Bonne Chance, 
Ären HB MUSELDALL