NEXT ROUND: 1/8 Finall Coupe de Luxembourg HB MUSELDALL - HC Standard 30-14

Foto vun Privilens, Claude Schomer



18 October 2021

Eis DAMMEN hunn e Sonndeg d'1/8 Finall vun der COUPE DE LUXEMBOURG géint den HC STANDARD gespillt. Eis Dammen hunn de Bouneweger keng Chance gelooss, an hu sech scho fréi ofgesat: 12' 8-4; 18' 11-6; 30' 13-7
 
No der Paus haten eis Miseler Dammen e 7-0 Laf, sou datt et an der 41' 20-7 steet. No 60 Minutten, geet de Match dann däitlech mat 30-14 zu Gonschten vum HB MUSELDALL aus. Esou datt eis Dammen an der nächster Ronn vun der COUPE DE LUXEMBOURG stinn, an am Dezember 1/4 Finall spillen. 
 
Bei eisen HÄREN ass et leider net duer gaangen. Opwuel se gutt gekämpft hunn, an net opginn hunn, geet hir 1/8 Finall leider mat 28-38 zu Gonschten vum HBC Schëffleng aus.