Top 11 Scorer Dames AXA League: 4x HB MUSELDALL


17 November 2021

Mir sinn immens houfreg, datt mer net just 1 Top-Scorer an eiser Ekipp hunn, deen alles alleng maache misst an alleng d‘Goler an de Matcher schéisst. Mee mir si frou an ënnerstëtzen et, datt d’Goler ënnert eise Meedercher opgedeelt ginn, wat weist datt d’Qualitéit bei eise Miseler Dammen an d’Breet geet an e gudden Teamgeescht besteet. 

An ëmsou méi houfreg sin mer, datt mer op nationalem Niveau ënnert deenen 11 beschte Scorer aus dem Land, 4 Miseler Dammen mat drënner hunn, mat op NUMMER 1:

d’Ewa PIETRASIK! 

 

1. Ewa PIETRASIK 9,71 Goler pro Match

3. Sonia SIEMKO 5,86 Goler pro Match

9. Alex HAIDU 4,43 Goler pro Match

11. Fabi OFFERMANN 4,17 Goler pro Match