U17 Meedercher HB MUSELDALL - HB DIDELENG 26-26


24 January 2022

Wat e Match!!

Méi spannend konnten eis U17 Meedercher et net maachen:)

Nom 3-3 an der 3. Minutt huet Dideleng déi ganzen Zäit gefouert a réicht an der 19. Minutt hunn eis Meedercher den Ausgläich nees gepackt mam 11-11. Mee och duerno huet Dideleng nees gefouert, 26. Minutt 15-12, a kuerz virun der Paus haten eis Miseler e Réckstand vun -5, sinn dunn awer mat 17-13 an d'Paus gaangen. 

No der Paus sinn eis Meedercher mat vill Motivatioun an de Match gestart, mee hunn trotzdeem den Uschloss verpasst, esou datt Dideleng schonn an der 35. Minutt mat 22-14 gefouert huet.

Eis Meedercher kruten ab deem Moment d'Kéier an hunn sech lues awer sécher, mat vill Konzentratioun a Gedold, no vir gekämpft

37' 22-16, 39' 23-18, 45' 23-20, 47' 24-22, 50' 24-23, 53' 26-23, 55' 26-25!

59:46 eis Meedercher schéissen de 7 Meter ran an et steet 26-26!
Diddeleng huet nach 14 Sekonnen fir de Match fir sech ze gewannen, mee mat enger gudder Parade vum Clara JURGA, geet dee leschte Ball net méi ran an eis Miseler Meedercher spillen no engem -8 Réckstand gläich!! 

GRATULATIOUN!!