U21 Hären HB MUSELDALL: VIZE-CHAMPION vu Lëtzebuerg!!


01 May 2022

Eis U21 Hären hunn den Owend zu Dikrech ëm de Vize-Champion gespillt. 

An der 13' konnten eis Miseler sech mat 3-6 ofsetzen, a konnten de Virsprong an der 20' mat engem Gol vum Enis BEHLULAJ souguer op 5 Goler vergréisseren (5-10). Mat 5 Goler Avance sollt et dunn och an d'Paus goen: 8-13.
 
No der Paus hunn déi Dikrecher probéiert de Match namol ze dréien, a bis déi 53' konnten eis U21 Hären de Géigner quasi permanent op 3 Goler vu sech fort halen (39' 11-14, 45' 13-16, 53' 16-19). 

Déi lescht Minutten sollten awer namol spannend ginn, esou datt et an der 57' just nach 18-19 stoung! Eis Miseler Hären hu sech dëse Match awer neméi huele gelooss a sécheren sech d'Victoire nodeems de Vincent BERREND an de Jo SPITHOVEN namol fir de MUSELDALL markéieren:
18-21 Endresultat!

Heimat gratuléiere mer eisen U21 Hären fir hier super Leeschtung dës Saison a virun allem fir den Titel vum VIZE-CHAMPION an hirer Kategorie!!


Top Scorer HB MUSELDALL: 
Jo SPITHOVEN: 7 (2/2)
Enis BEHLULAJ: 5
Vincent BERREND: 4