Neien Dammentrainer: Ben Schuster
15th July 2026
Handball Museldall

Mir freeën eis, de Ben Schuster als Trainer fir eis Fraenekipp virzestellen.
Den Ben huet laang selwer Handball gespillt, dat zu Péiteng a laang beim HBD. Säit 2018 war de Ben als Jugendtrainer engagéiert, dat mat staarke Resultater.
Als nächst Etapp war en, nieft dem Martin Hummel, Co-Trainer bei den Diddlenger Hären a fir d‘lescht war en - als jéngsten Trainer deen d‘Axa League bis elo hat - Trainer bei der Käerjenger Härenekipp.
Mir freeën eis op dësen neien gemeinsamen Challenge an heeschen de Ben häerzlech Wëllkomm op der Musel!
