Assemblée générale HB Museldall
16th July 2026
Handball Museldall

Mir kucken op eng erfollegräich Saison zeréck, mat Héischten an Déiften, esou wéi et sech fir de Sport gehéiert.
Virun allem bei deene ganz Klengen hu mer dës Saison en Zouwuess gehat, wat eis natierlech extra freet🙌🏼
Eis gréisst Erausfuerderung ass de Personalmangel, dofir freeë mer eis immens iwwert den Zougang vum Luise Thiel am Comité a maachen och weiderhin den Opruff, datt all Hand an Hëllef, häerzlech wëllkomm ass.
Mir wënschen eng schéi Summerpaus, respektiv eng erfollegräich Preparatioun a freeën eis op déi nei Saison 2026/2027.
