Lafziedel fir de Sponsorlaf
Hei klicken fir däin Lafziedel ze downloaden an auszefëllen.
Weider Detailer fënns de hei drënner.


SEASON OPENING & SPONSORLAF
Laf esou vill Ronne wéi s de packs,
- an däi Sponsor kann dech pro Ronn
- oder mat engem Pauschalbetrag ënnerstëtzen!
Jiddereen duerf matlafen, spadséieren oder trëppelen:
Spiller.innen, Memberen, Anciens, Kolleegen, Frëndinnen, Famill, an an an
De kompletten Erléis gëtt an eis Jugend investéiert!
Fir den Oflaf ze vereinfachen, biede mir iech, wann der fäerdeg sidd mat Lafen, ären Endbetrag (Pauschal+Ronnenbeträg) direkt bei eis ze bezuelen (Cash, Payconiq/Wero, SumUp).
Dir kritt äre Sponsor-Ziedel mat, fir d‘Montanten vun äre Sponsoren zeréck ze kréien.
Mir freeën eis op är Partizipatioun a wënsche vill Spaass an eng gutt Ausdauer!
10h00 Dossard ofhuelen Op Flohr
10h30 Laf-Start um Stadion Op Flohr
11h45 Barbecue
12h30 HBM-Foto
Bei weidere Froen:
info@hbmuseldall.lu
