De gréisste Succès an der Veräinsgeschicht vum HBM!!

Foto vun Mars Nickels



05 March 2021

Op den Dag sinn et haut 4 Joer hier, datt d'DAMMEN vum HB Museldall d'Coupe gewonnen hunn!! Mee domat ass et net duer gaangen, och hunn se 2017 de Champion gefeiert!

Den DOUBLÉ VU LËTZEBUERG:
Eise gréisste Succès an der Veräinsgeschicht vum HB Museldall

Schéin Erënnerungen a vill Emotioune kommen do nees op: Fläiss, Ausdauer, ni opginn an ëmmer weider gekämpft...mat esou engem wonnerbare Resultat!! 

Dëst Joer ass et leider net duer gaange fir an de FINAL 4 vun der Coupe de Luxembourg. Mee dëst Joer ass souwisou alles anescht... 

Mir freeën eis op all Fall op déi kommend Saisonen, a wënschen all eisen Ekippen an alle Kategorië Loscht a Freed um Handballspillen! An ouni eis Supporter wiere mir ganz schlecht drun, dofir och hei namol e grousse MERCI fir dee permanente Support dee mir vun eisen Zuschauer kréien, déi all Kéiers nees derzou bäidroen datt eis Spillerinnen a Spiller probéieren sech ze rappen an hiert Bescht um Terrain ze ginn!! 

MERCI, 
Ären HB MUSELDALL