Neien Challenge fir d'Maja ZRNEC!
07 December 2021
D'Maja ZRNEC, säit 2019 beim HB MUSELDALL engagéiert, huet sech entscheet en neien Challenge unzegoen.
2019-2020 ass d'Maja mat eisen U15 Meedercher bis an d'Coupe-Finall komm an huet mat eiser 2. Dammenekipp den Doublé gemaach.
2020-2021 Corona-Saison: Hei goufen d’Jugend-Championnater komplett annuléiert. An eis 1. Dammen hu mam Maja déi 4. Plaz an der AXA-League besat.
2021-2022 Dës Saison stinn eis Dammen aktuell op der 3. Plaz an der AXA-League an eis staark U17 Meedercher sti mat 5 gewonnenen, vu 5 gespillte Matcher, op Plaz 2 an der Tabell.
Den HB MUSELDALL wënscht dem Maja vill Succès op sengem weidere Wee, alles Guddes fir d'Zukunft a seet MERCI fir dat villt handballerescht Wëssen, dat et mat an de Veräin bruecht huet.
Bonne Chance,
Ären HB MUSELDALL