2. Spilldag PLAY OFF AXA LEAGUE: HB Museldall Dames - HC Standard 23-20


18 September 2022

Gëschter hunn eis DAMMEN den 2. Spilldag an der AXA-League gespillt. 
HC Standard huet de Géigner geheescht. 

Eis jonk Miseler Ekipp hat de bessere Start an de Match, bis et bemol an der Mëtt vun der éischter Halbzäit gläich stoung. Fir d'Paus konnten eis Dammen sech awer rëm mat 2 Goler ofsetzen
8' 5-1, 14' 7-4, 18' 8-8, 24' 10-10, 29' 14-12.

An der 2. Halschend hunn eis Dammen de Match net méi aus der Hand ginn a wannen sécher mat 23-20.
38' 18-12, 44' 20-15, 56' 22-19, 59' 23-20.


Top Scorer HB MUSELDALL
Anaïs HUBERTY: 11 (1/1)
Isabella COCCO: 4
Aliza DEGARDIN: 3