Excellent Leeschtung vun eisem Kipper dem Alex Weber bei den U21


17 March 2024

Haut den Owend hunn eis U21 géint de Chev Dikrech gespillt.  

De Match hätt net kéinte méi spannend sinn!
Mat 11-11 ass et an d'Paus gaangen. 

An der 2. Halbzeit konnten eis Bouwen sech ofsetzen esou datt et an der 44' 19-14 fir de Museldall stoung. Den Alex WEBER, Miseler Kipper, huet eng aussergewéinlech Leeschtung op den Terrain bruecht an hat eng Parad no där anerer

Allerdéngs huet de Chev Dikrech net labber gelooss an huet sech lues awer sécher nees eru gekämpft: 48' 21-17, 54' 22-20 bis datt et an der 58' 23-23 gläich stoung. 

Déi lescht Minutt leeft, déi Dikrecher sinn a Ballbesëtz a mat vill Pech op der Miseler Säit huet Dikrech an der allerleschter Sekonn de Gol getraff, esou datt de Match 23-24 zu Gonschten vum Chev ausgaangen ass. 

Mir gratuléieren eise Jongen fir hier super Leeschtung! 
Top Scorer vum Museldall waren de Ben GOEHLER (10) an den Jo SPITHOVEN (7 4/4).