7. Spilldag PLAY OFF AXA LEAGUE: HB Museldall Dames - Handball Esch 25-23
01 May 2022
Gëschter hunn eis DAMMEN de 7. Spilldag vum Titel-Play Off an der AXA-League gespillt.
Handball Esch huet de Géigner geheescht.
Vun Ufank u war de Match relativ serréiert, woubäi eis Dammen meeschtens 1-2 Goler Virsprong haten.
9' 5-3, 18' 10-8, 27' 14-12 a mat 15-14 ass et dunn an d'Paus gaangen.
Déi 2. Halschend sollt änlech weider goen (40' 19-17, 47' 21-19), bis datt d'Dammen vun Esch et dunn an der 49' mat 21-21 zum Ausgläich gepackt huet.
Allerdéngs hunn eis Dammen net labber gelooss an entscheeden de Match schlussendlech mat 25-23 fir sech.
MVP vun dësem Match war definitiv d'Valérie MACKEL, dat mat 8 Goler d'Miseler Dammen ëmmer nees am Match gehalen huet.
Top Scorer HB MUSELDALL:
Valérie MACKEL: 8
Sonia SIEMKO: 5 (1/1)
Ewa PIETRASIK: 4