AG: Lëtzebuerger Handballfederatioun (FLH)


26 June 2021

Den HB MUSELDALL ass houfreg, dëst Joer d'Lokalitéit fir d'AG vun der Lëtzebuerger Handballfederatioun zur Verfügung duerften ze stellen. 

E grousse MERCI geet heibäi un de Maacher Lycée, deenen hire Festsall mer benotzen duerften an natierlech och e grousse MERCI un d'Maacher Gemeen, déi den Éierewäin offréiert huet. 

Dës Saison wäert ganz am Zeeche vu 40 JOER HB MUSELDALL stoen, wou der Iech nach op vill weider Festivitéite freeën duerft!!:)

De Comité vum HB MUSELDALL