AXA League 14. Spilldag HB MUSELDALL Dames - CHEV DIKRECH 25-16
Dëse WE hunn eis DAMMEN de virleschte Match vun der 1. Ronn an der AXA-League gespillt.
Eis Miseler Dammen, Tabellen-Drëtten, haten de CHEV DIKRECH, Tabellen-Véierten, op Besuch.
Laang war de Match ausgeglach an eis Dammen hu sech schwéier gedo Goler ze markéieren.
4' 1-1, 10' 5-3, 19' 8-7, 23' 9-9 a kuerz virun der Paus konnten eis Dammen sech mat 3 Goler ofsetzen a gi mat 13-10 an d'Paus.

No der Paus, huet de Match scho ganz anescht ausgesinn:
Eis Dammen hu sech an der 35. Minutt mat 17-10 ofgesat an ab deem Moment hat de Chev kaum nach eng Chance, fir de Match nach eng Kéier zu hire Gonschten ze dréien.
Sou wannen eis Dammen souverän mat 25-16 géint den Chev Dikrech.

An e Freideg geet et scho weider mam Match
HB DIDELENG - HB MUSELDALL 20h
Top Scorer HB MUSELDALL:
Ewa PIETRASIK: 10 (3/2)
Alexandra HAIDU: 5
Sonia SIEMKO: 3