AXA League 5. Match HB ESCH - HB MUSELDALL 17-30
10 October 2021
De 5. Match an der AXA-League ass gespillt:
Eis Damme loossen näischt ubrennen an dominéieren ab der 1. Minutt géint den Handball Esch:
7' 3-5, 11' 4-7, 19' 5-12 a gi mat 7-15 an d'Paus.
Och an der 2. Hallschend loossen eis Dammen den Escher keng Chance, esou datt et an der 45' 10-23 zu Gonschte vun de Miseler steet. No enger kuerzer Phase wou d'Konzentratioun e bësse nogelooss huet, schléissen se de Match souverän mat 17-30 of.
Bei eisen U15 Bouwen, sou wéi bei eisen Hären, war d'Gléck dëse WE leider net op hirer Säit, esou datt béid Ekippen hire Match op 1 Gol verluer hunn.
U15 Bouwen - HC Standard 19-20
Hären - Bartreng 25-26
U15 Bouwen - HC Standard 19-20
Hären - Bartreng 25-26
Eis U13 Mixte huet richteg ofgerappt, a wanne mat 12-19 géint d'Red Boys.