Neien Trainer bei eisen Dammen: De JEFF PAULUS!


23 May 2023

Den HB Museldall freet sech d'Nouvelle matzedeelen, datt mer de JEFF PAULUS als neien Trainer fir eis Dammenekipp gewanne konnten! 

De Jeff Paulus huet selwer laang Handball gespillt a stoung och eng laang Zäit fir d'Rout Léiwen um Terrain. Hien bréngt vill Erfarung punkto Fitness, Gesondheet, Teammanagement an natierlech Handball mat an ass motivéiert mat eis zesummen, de Projet vun eise Miseler Dammen, déi nächst Joren ze begleeden, mat opzebauen a virun ze bréngen.

Häerzlech Wëllkomm op der Musel Jeff!