Viraussiichtlech ab Januar 2021 nees Matcher!

https://www.rtl.lu/sport/news/a/1606301.html



03 November 2020

D'Handballfederatioun huet no Récksprooch mat de Veräiner decidéiert, datt 2020 weder Championnat, nach Coupematcher wäerte gespillt ginn. 

Den HB Museldall wäert bei der Jugend, wéi och am Seniorsberäich, mam Training weider fueren. Dëst natierlech am Respekt zu de virgeschriwwene Mesuren a mat der Selbstverständlechkeet datt d'Sécherheet an d'Gesondheet vun eise Spillerinnen a Spiller, wéi och vun eisen Trainer, héchst Prioritéit huet. 

Bleift gesond a monter, 

Ären HB Museldall